Spillbericht Pärel vs P-R 08.05.22


08 May 2022

Vir de Compte vum 24.Spilldag war eis Equipe haut op Besuch zu Pärel. Déi Päreler brauchen all Punkt hir de Kampf em den Klassenerhalt an eis Jongen wellen weiderhin hier 1.Plaz an der Tabell behalen. 
 
Et war fréi ze gesin, ween Dominanz um Terrain hat. Et war deels e Match op e Gol, mais trotz Fehlpassen an Ongenauegkeeten, huet et 15 Minuten gedauert bis e Verteideger eis e Cadeau gemach huet. Deen wollt de Ball nemlech op säi Keeper zréck käppen, wat em allerdings alles mais net gelong ass. De Ball geht lanscht de Keeper an fällt zum 0-1 an de Gol. Dest war de bis op dem Mike LILL seng Giel Kart an der Nospillzeit deen gréissten Highlight. Mat engem 0-1 Virsprong sin Seiten getosch gin.
 
Den Zarko huet fréi an der 2ter Halschent de Score op 0-2 gesat, dest op eng herrlech Virlag vum Pit HILBERT. 2 Minuten méi spéid hat den Almin eng riese Chance vir op 0-3 ze erhéigen. An der 62ter hat den Gaki aka Claude KREINS dunn Feierowend. Den Ben SCHROEDER koum vir heen op den Terrain. 3 Minuten méi spéit eng riese Chance vir Pärel. Schoss aus der Distanz...op d´Laat!
 
68 Minuten ware gespillt, dun koum de Jerome JUSTEN vir den Vic MORUZZI op den Terrain. 4 Minuten méi spéid konnt de Ben SCHROEDER op 0-3 erhéigen. An der 78ter, konnt den Almin KOCAN duschen goen an den Gianluca MANTRISI koum op den Terrain an konnt och direkt an der 81ter Spillminutt dem Zarko LUKIC den 0-4 opleen.
 
5 Minuten méi spéid konnt den Gianluca dunn op 0-5 erhéigen, duerch en Assist vum Jerome FABER. 1 Minutt méi spéid war et rem den Zarko, deen sein 3. Gol vum Match markéieren konnt an mam 0-6 och vir d´Schlussresultat gesuergt huet.
 
D´Resultater vun haut an der Iwwersiicht:
 
Biekerech sammelt wichteg Punkten mat senger 2-0 Victoire géint Harel a kann weider nach vum Klassenerhalt dreemen. Wentger wennt 3-2 géint Heischent; Folscht gewennt mat 3-2 géint Kolmer an Ell gewennt 4-2 géint Veianen.
 
Aktuellt Tabellebild:
 
1. P-R       56 Pkt +64
2.Wentger 54 Pkt +33
3.Kolmer   49 Pkt +30
4.Folscht   43 Pkt +15
5.Gilsdref  38 Pkt +20
 
E Mettwoch gett de Match tescht Wentger a Kolmer nogespillt, wa Kolmer net wennt, si mir e Mettwoch rem zréck an der 1.Divisioun!!!