D'Geschicht vum Veräin

Den FC Préizerdaul-Réiden ass am Joer 2001 duerch d'Fusioun tëscht dem SC Réiden an dem AS Préizerdaul entstanen.

 An der Saison 2001/2002 ass en dunn déi 1. Kéier am neien Numm an d'Saison gestart, an der 2. Divisioun 1. Bezierk. Déi Saison huet een dunn als 12. an der Tabell ofgeschloss.

De gréissten Erfolleg gouff et an der Saison 2009/2010. Do konnt eis 1.Equipe den Opstig an d'1.Divisioun feieren. Do konnt een sech bis d'Saison 2012/2013 halen, ier de Wee dunn rem rof an d'2.Divisioun gangen ass.

An der Saison 2013/2014 gouff eis Equipe Tabellendrëtten, an hat am Barrage-Match zu Mäerzeg géint d'US Béiwen/Atert rem d'Chance op den Opstig an d'1.Divisioun. Dëse Match goung an der Verlängerung mat 1-0 verluer an et huet een rem missen an der 2.Divisioun untrieden.

2015/2016 hat eis Equipe et dunn vir 2t rem gepackt an d'1.Divisioun ze steigen awer Enn der Saison 2016/2017 den Barrage-Match zu Wolz géint d'AS Wëntger mat 2-3 verluer. 

2018/2019 hat de Veräin grouss Schwieregkeeten, well de Wee gung rof an 3.Divisioun. D'Saison 2019/2020 hat eis Equipe als 4.ofgeschloss, wat wéinst de Corona-Mesuren an Adaptatiounen vun der FLF duer gang ass, vir rem an d'2.Divisioun ze steigen.

D'Saison 2020/2021 gouff wéinst dem COVID no 14 Spilldeeg ofgebrach.

An der Saison 2021/2022 war eiser 1.Equipe rem den Opstig an d'1.Divisioun gelongen, mais leider just vir 1 Saison. 2022/2023 huet de Wee rem missten an d'2.Divisioun goen wou de Veräin seitdem ënnerwee ass.