Bericht Englesch Woch 03.04.22 - 10.04.22


13 April 2022

Green Boys Harlange/Tarchamps vs FC Préizerdaul-Réiden vum 03.04.22
 
8 Minuten waren gespillt, dunn huet den Zarko den 0-1 markéiert. An der 26.Spillminutt hu mer dunn misste verletzungsbedingt wiesselen. Den Gianluca gouff vir den Gilles agewiesselt. Kuerz virun der Paus konnt de Ben säi 12te Gol vir des Saison schéissen an op 0-2 erhéigen. An der 61ter Spillminutt huet den Zarko säin 20te Gol vir des Saison markéiert an ob 0-3 erhéigt. 5 Minuten méi spéit hat den Zarko dunn Feierowend a gouff duerch de Justen ersat. An der 77ter Spillminutt koum den Pit vir den Almin. 3 Minuten méi spéit krute mer en Elefmeter gepaff. De Justen huet desen iewer iwert de Gol geschoss. An der 85ter Spillminutt war rem de Ben zur Stell an konnt op 0-4 erhéigen. 
 
FC Préizerdaul-Réiden vs Racing Heischent/Eschduerf vum 06.04.22
 
36 Minuten huet et gedauert bis den Almin eis Equipe mat 1-0 konnt a Féierung bréngen. Mat dem Resultat si béid Equipen an Halbzeit gang. An der 66ter Spillminutt konnt de Justen de Score op 0-2 erhéigen.An der Nospillzeit vun der 2.Halbzeit war et rem de Justen deen mat séngem 10.Gol vun der Saison op 0-3 erhéigen konnt.
 
FC Préizerdaul-Réiden vs Jeunesse Gilsdorf vum 10.04.22
 
An der 9ter Spillminutt konnt Gilsdref duerch e Gol vum Nuno Morgado mat 0-1 a Féierung goen. D´Jongen hu probéiert vir, virun der Paus nach auszegläichen mais et gung mat engem 0-1 Avantage vir Gilsdref an d´Paus. An der 56ter Spillminutt war den Gaki op der lénker Säit ennerwee a bréngt eng prezis Flank an de Strofraum bei den Zarko, deen schéisst de Ball per Volley zum 1-1 an de Fillet. 15 Minuten viru Schluss war et rem den Zarko deen de Score ob 2-1 eiser Gonschten erhéige konnt. 2 Minuten méi spéid gouff e Spiller vun eis am Strofraum gefoult an den Arbitter hat op de Punkt gewiss. Den Almin ass ugetrueden an huet den Elefmeter ganz souverän zum neie Score vun 3-1 ragesat.An der 90ter Spillminutt huet den Pit Hilbert nach op 4-1 erhéigt.
 
3 Matcher - 3 Victoiren - 9 Punkten - 11:1 Goler 
 
Duerch de Remis vu Wentger géint Ell, si mer rem Tabellenleader!