28.Spilldag 1.Equipe


07 May 2023

No der 0-1 Néierlag läschte Weekend zu Réiden géint Colmer steht fest, dass d´Aventure 1.Divisioun no 1 Saison vir eis gelaf ass. Trotzdem bleiwen nach 3 Matcher ze spillen, a 9 Punkten ze vergin, och wann et wéi beschriwen, vir eis em näischt méi geht, heescht et awer net sech kampflos z´ergin. 
D´Equipe vun Housen selwer ass nach net definitiv gerett a brauch och all néideg Punkten vir um Enn awer nach iwert dem Strech ze sen.
Spannung pur also. Ustouss zu Housen ass wéi gewinnt um 16h00 Auer