US Folscht II vs FC Préizerdaul-Réiden II


06 May 2022

Haut stung vir eis 2.Equipe den 20.Spilldag um Programm, wou mir auswärts zu Folscht op Besuch waren! Bei enger Victoire wär eiser Equipe déi 4.Tabelleplaz net méi ze huele gewiescht! An der 25ter Minutt huet de Colles eis mat 0-1 a Féierung bruescht! 5 Minuten méi spéid konnt Folscht op 1-1 ausgläichen wat dunn och Resultat zur Paus war! 

Zur 2ter Halschent huet de Luss dunn gewiesselt, den Raf koum vir de Marco op den Terrain. An der 48ter konnt Folscht mat 2-1 a Féierung goen mais dëst war nit vu langer Dauer well den Gianluca Mantrisi konnt 2 Minuten méi spéid rem vir eis Farwen ausgläichen!
 
An der 63ter war et den Tun deen de Score op 2-3 vir eis setzen konnt! 2 Minuten méi spéid, 2te Wiessel op eiser Säit, de Piron koum vir den Gianluca op den Terrain!
 
An der 68ter, krutt Folscht en 11Meter gepaff deen un Lächerlechkeet kaum ze toppen war! 3-3 rem op béide Säiten! Bannend 2 Minuten Giel vir eise Keeper de Yannick an den Tun!
 
13 Minuten waren nach ze spillen, de Yann koum vir de Joe Weber op den Terrain! An der 80ter Spillminutt markéiert de Felix den 3-4!
 
Schlussresultat & Plaz 4 an der Täsch!!