Testmatcher 26.1.22 + 28.1.22

D'Resultater vu béide Matcher Foto vun Joël Feltz



29 January 2022

E Mëttwoch stung den éischten Testmatch vun der Preparatioun ob d'Réckronn um Programm! Mat engem Mix aus Spiller vun eise béiden Seniors-Equipen gung et géint d'Equipe vu Gréiwels! Den Tabellensiwenten aus der 3.Divisioun kunt kuerz virun der Paus (44.Minutt) den 0-1 markéieren, wat och d'Resultat an der Paus war. An der 53. Spillminutt krut eis Equipe en Elefmeter gepaff. Dësen huet de Mehmed dunn och sëcher zum 1-1 an de Filet gesat! Et war allerdings net vu langer Dauer, well d'Gäscht vu Gréiwels an der 56.Spillminutt mat 1-2 a Féierung gangen sin! Bis zur 72. Spillminutt huet et gedauert, ier den Yus den 2-2 geschoss huet! An der Nospillzäit wor der Equipe vu Gréiwels dunn ierwer nach d'Victoire gelongen! 
 
E Freiden stung direkt den 2. Testmatch vun der Woch um Programm! Ob Besuch am Préizerdaul haten mir d'Equipe vu Bastenduerf, den Tabellenzwieleften aus der 1.Divisioun! Et war en Match vun héiger Qualitéit, woubei d'Equipe vum FCPR de Goalchancen no, déi besser Equipe war! Dem Claude Kreins war an der 44.Spillminutt, no wonnerbarem Spillopbau an Virlag vum Gianluca Palumbo den 1-0 gelong, dëst per Distanzschoss aus gutt 16 Meter! Dëst war och Resultat an der Paus! Am Verlaf vun der 2.Halschent huet eis Equipe weider vill gutt Chancen leien geloss esou dass et ënnert dem Strëch eng verdingten 1-0 Victoire op dësem Testmatch gouff!