Start vun der Réckronn


08 February 2023

E Sonndig geht et endlech rem lass!
 
D'Championnat geht a säin 2.Tuer! Déi 1. vu 15 Finalen am Kampf ëmt de Klassenerhalt! Lass geht et vir de Compte vum 16.Spilldâg géint d'US Bäerdrëff/Konsdrëff! D'USBC ass aktuell punktgläich mat eis an ass eng Plaz virun eis! En immens wichtege Match vir den Uschloss net aus den Aan ze verléieren! Kommt dofir eis Equipe ënnerstëtzen dasse mer ZESUMMEN eist Zil erreechen!!
 
OPGEPASST! D'Matcher gin rem um 16h00 Auer ugepaff!! 
 
Gespillt gëtt och rem zu Réiden!!
 
Bis e Sonnden!!