Sportleréierung 03/07/2022

Photo par David Valent



03 July 2022

Gëschter um Samsden, den 03.07.2022 sen eis 1.Equipe an d'Scolaires vun der Entente Jeunesse Atertdaul vir hier Leeschtungen geéiert gin! 

Eis 1.Equipe ass als Champion an hierer Divisioun an d'1.Divisioun gestigen an d'Scolaires vun der Entente Jeunesse Atertdaul sin ebenfalls Champion an hierer Classe gin an spille soumat nächst Saison eng Divisioun méi héisch!
 
Vertrieder vu béide Gemengen, der Sportskommissioun vun der Réidener Gemeng an ewéi Vertrieder vun der Jeunesse Atertdaul ware présent vir hinnen vir hier Leeschtungen ze félicitéieren an e klénge Kaddo z'iwwerréschen!
 
Duerno gouff et nach e Patt ze drénken an eppes klenges géint den Honger!
 
Ob dësem Wee, béiden Equipen bonne Chance gewënscht vir d'nächst Saison!