Spillbericht Orania Veianen vs FC Préizerdaul-Réiden

Resultat Match Foto vun Screenshot FUPA.NET



22 March 2022

Vir de Compte vum 17.Spilldag war eis Formatioun op Besuch zu Veianen. De Tabellensiwenten géint den Tabellenzweeten. Eis Jongen haten am Uffank vun der Partie méi vum Match an dësen phasenweis och dominéiert. Esou ass eis och, duerch dem Almin säi Kappball (op Corner vum Zarko) an der 15ter Spillminutt den verdéngten 0-1 gelongen. Kuerz viru Schluss, hat den Jerome Faber nach d'Chance op den 0-2 mais et ass mam Score vun 0-1 an d'Paus gangen. 
 
An der 56ter Spillminutt, krut e Spiller vu Veianen, déi Giel/Rout Kart gewiss an waren ab dunn déi reschtlech 34 Minuten an Ennerzuel. Veianen huet sech trotzdem nët hänken geloss, an huert weider op den Ausgläich gedréckt. An der 73ter Spillminutt hätt den Ben eng 100%eg Chance vir op 0-2 ze erhéigen, mais et hätt nit solle sin. 
 
An der 84ter Spillminutt war et den Duarte, deen eng wonnerbar Virlag vum Almin notze konnt an schlussendlech op 0-2 erhéigt huet! Wéi jiddereen mam 0-2 zefridden war, huet den Zarko nach gewisen, wéi eiskal ee kann sin, an op 0-3 erhéigt...18. Gol an dëser Spillzäit!
 
No bal 3 Joorzingter, ass et rem enger Formatioun vum FCPR gelongen, 3 Punkten vu Veianen mat Heem ze huelen! Genial!
 
Kucke mer nach op déi weider Resultater vun eise Konkurrenten!
 
Den FC Biekerech gewënnt 0-1 zu Gilsdref 
Den Tabellenleader Wëntger hat keng Problemer bei der 5-0 Victoire géint den FC Pärel
An Kolmer verléiert Doheem 0-2 géint d'US Rammerech.
 
Doraus ergëtt sech folgend Tabellebild:
 
1. AS Wëntger +28 40 Pkt
2. FCPR +46 39 Pkt
3.AS Colmer +17 36 Pkt
4. Jeunesse Gilsdref +16 29 Pkt
 
Weider geht et e Sonndig, 27. Mäerz um 16h00 Auer mam Heemmatch géint Racing Heischent/Eschduerf