Spillbericht Harel vs Préizerdaul-Réiden

Schlussresultat vum Match



04 April 2022

Gëschter war de Start an eng englesch Woch vir eis Equipe.
 
Ugefang gëscht vir de Compte vum 19.Spilldag, auswäerts zu Harel! Dréckend an den Match ra gang, hun eis Jongen direkt fréi am Match probéiert vir den 0-1 ze markéieren. Dëst ass dem Zarko an der 8ter Spillminutt och ganz elegant gelong, wéi en dem Keeper vu Harel mat engem Lopp keng Chance geloss huet. Verletzungsbedéngte Wiessel dunn an der 26ter Spillminutt, den Gilles Tremont huet missen raus a gouff duerch den Gianluca Palumbo ersat. 5 Minuten drop, hat den Zarko d'Chance vir op 0-2 ze erhéigen. 3 Minuten virun der Paus, war den Ben iewer dunn op der Plaz a konnt de Score zu eiser Gonschten op 0-2 erhéigen. Mat dësem Resulat gung et dunn an d'Paus. 
 
An der 61ter Spillminutt war et rem den Zarko, deen mam 0-3 säin 20.Gol an dëser Saison markéiere konnt. 5 Minuten méi spéit hat den Zarko dun Feierowend a gouff duerch den Justen Jerome ersat. Dësen hat an der 71.Minutt mat engem Schoss probéiert ob 0-4 ze erhéige, dësen gung iewer op de Poteau. 6 Minuten méi spéid, koum den Hilbert Pit vir den Almin Kocan zum Asaz. An der 80.Spillminutt, gouff et e Foul am Strofraum an 11Meter vir eis. Dësen konnt den Justen iewer net verwärten. De Ball goung iwert de Gol....
 
Wéi jiddereen mat engem 0-3 méi wéi zefridden war, hat de Ben, op Virlag vum Vic Moruzzi an der 85ter Spillminutt nach ob 0-4 erhéigt. Dëst war dunn och d'Schlussresultat!
 
Mat dëser Victoire, an engem Match manner, konnten mir eis, eis 2.Plaz weider verteidegen.
 
E Bléck op déi aner Matcher:
 
Den Tabellenleader Wëntger wënnt zu Gilsdref 1-2 woumat elo d'US Folscht Gilsdref iwerhëllt an neie Tabellenféierten ass!
Colmer an Reisduerf deelen mam 1-1 d'Punkten 
 
Esoumat ergëtt sech folgend Tabellebild:
 
1. Wëntger 46 Pkt +31
2. FCPR 42* Pkt +50
3. Colmer 40 Pkt +21
4. Folscht 33 Pkt +12
 
*1 Match manner 
 
Weider geht et well e Mëttwoch, 6.Abrëll um 20h00 Auer zu Réiden géint Heischent/Eschduerf.