Communiqué


01 March 2023

Wéi gëscht an der Press well ze liesen war, huet de Nico eis e Sonndig doriwer informéiert dass heen net méi gewëllt ass, weider Chef-Trainer vun eiser 1.Equipe ze sin! Soumat ginn eis Weeër no erfollegreiche! 3,5 Joer op en Enn! 

Och säin aktuellen Co-Trainer den Fränk wärt eis aus privaten Grënn net méi zur Verfügung stoen.
 
Mir soen Béiden Villmols Merci vir hiert Engagement wat Sie déi Jooren vir eise Veräin bruescht a geleescht hun!
 
Béiden wënsche mer All Guddes vir hier nächst Aufgaben.
 
Mam Helio Brazinha si mer Frouh Iersch eisen neien Chef-Trainer ze présentéieren! Den Helio war déi läscht 3 Joer immens erfollegreich zu Folscht täteg an huet do ënnert anerem bal den Opstieg an 1.Divisioun réaliséiert.
 
Mir heeschen den Helio häerzlech Wëllkomm an wënschen Him direkt eng gutt Hand bei séngem 1.Optrëtt e Sonndig am Äischdall!
 
De Comité