24.Spilldag 1.Equipe


08 May 2022

Nom 2-2 vu läschtem Sonndeg doheem géint Reisduerf ass eis 1.Equipe de Mëtten op Besuch beim Tabellenläschten zu Pärel! Déi Päreler hun aktuell 2 Punkte Réckstand op Biekerech (Plaz 13 -> Barrageplaz) an 6 Punkten op Ell (direkte Klassenerhalt).  

Vir eis geht et weiderhin drëm, eis 1.Plaz ze verteidegen an 3 Punkten vu Pärel mat Heem ze bréngen!
 
Déi aner Matcher vum 24.Spilldag an der Iwwersiicht:
 
Den CS Buurschent huet e Donnesten iwerraschent mat 1-0 géint Gilsdref gewonn! Reisduerf konnt sech e Freiden mat 4-1 géint Rammerech behapten!
 
Biekerech empfängt Doheem d'Green-Boys vun Harel; Wëntger huet Heischent/Eschduerf op Besuch; Folscht spillt am Topmatch géint Kolmer an Ell huet Veianen op Besuch!
 
D'Matcher ginn all um 16:00 Auer ugepaff!