19.Spilldâg 1.Equipe


04 March 2023

Muer um Sonndeg steht den 19.Spilldag um Programm! Mir sin op Besuch zu Habscht a spillen géint den Véierzéngten vun der Tabell, d'Alliance Äischdall! Béid Equipen trennen aktuell 2 Punkten! D'AA steht aktuell op der Barrage-Plaz & genau ob déi kéinte mir mat enger Victoire sprangen & déi läscht Plaz verloossen wa Colmer net géint Lëntgen punkt! Béid Equipen brauchen All Punkt vir de Kampf em de Klassenerhalt! Spannung pur! Et ass och den éischte Match vir eisen neie Chef-Trainer den Helio! Si mer gespant wéi en d'Jongen motivéiert kritt vir des immens wichteg 3 Punkten mat Heem ze huelen! 
Allez Männer! Mir gleewen un Iersch!
FORZA FCPR!!