1.Tour Coupe FLF


18 October 2023

Vir den 1.Tuer vun der Coupe FLF reest eis Equipe haut un d'Sauer! Op Ierpeldéng vir genau ze sin! Den FC72 Ierpeldéng spillt aktuell an der 1.Divisioun a leit do op der 10.Plaz an der Tabell! Dass eis Equipe Coupe FLF kann, hu mer läscht Saison gesin, wou mer bis an 1/8 Final komm sin! Also heescht et trotz dem Klassenennerscheed alles ze gin vir zesummen an den nächsten Tuer ze kommen! Ustouss ass um 20h00 Auer!