Comité Saison 2023-2024


22 August 2023

No der AG vu läschtem Freiden ass Haut, den 22.August um 19h30 Auer de neie Comité vir déi 1.Kéier zesummen komm vir ze kucken wéi de Comité an der neier Saison ausgesin soll.

 
Am Comité ginn et kleng Ännerungen. No iwer 20 Joer als Vize-Präsident hällt den Norbert SCHROEDER ob. Norbert, Merci vir deng Zäit an deng Kraft déis du an iwer 2 Joerzéngten an eise Veräin gestach hues! Du hannerléis e grousst Lach an eisem Veräin! Merci vir alles! 
 
Och seng Fra, d'Christiane PERL , eis Buvette's Fra zu Réiden / am Préizerdaul hällt mat him ob. Och dir Christiane e riesen grousse Merci vir däin groussen Asaz!
 
No 2 Ofgäng am Comité begréisse mer awer 4 nei Leit am Comité! Den Stéphane FREYLINGER, Sacha MAUS, Claude SCHUMACHER an Romain HOFFMANN heeschen mir häerzlech Wëllkomm am Comité! Ob eng gutt Zesummenarbescht!
 
De neie Comité stellt sech sou zesummen:
 
Président : Manuel KAUFMANN
1.Vize-Président : Alain THEIN
2.Vize-Président : Luc VICTOR
Sekretär : Jo MAJERUS
Keessier : Joël FELTZ
Sportsdirekter : Alain THEIN & Luc VICTOR
Site Facebook & Homepage: Joël FELTZ & Jo MAJERUS
 
Memberen:
 
Claude SCHUMACHER
Stéphane FREYLINGER
Sacha MAUS
Romain HOFFMANN
Mich FERREIRA
Joe BECKER
Yves MOOTZ
Jeff KLEIN
 
Mir freeën eis ob déi nei Saison!